Copy
View this email in your browser

Version française // deutsche Version // english version

PRESSEMATDEELUNG:
LUXEMBOURG PRIDE WEEK 2020


Du bass net eleng! - ënnert dësem Motto starte mir ab haut an déi dësjähreg lëtzebuergesch Pride Woch!
 
D'Joer 2020 ass fir keen en einfacht Joer. Vun engem Dag op deen aneren gouf d'Liewen vun eis all op d'Kopp gestallt an jidderee war mat engem neien Alldag, enger neier Realitéit konfrontéiert. Fir munchen huet de Lockdown besonnesch während dem Ufank vun der Covid19-Pandemie eng ganz besonnesch Erausfuerderung duergestallt, gëllt dach d'LGBTIQ+ Community als eng vun de méi vulnerabelen Gesellschaftsgruppen.
 
Eng Phase vun der Isolatioun an dem Elengsinn, zum Beispill bei eelere queere Mënschen, déi keng Famill hunn déi sech ëm se këmmere konnten, oder och bei jonke Leit, déi sech an oder no engem Outing befannen a mat queerphobe Familljememberen déi 4 Wänn deele mussten, waren eng batter Realitéit.
 
Natierlech wëllen och mir eisen Deel dozou bäidroen, d'Verbreedung vum Virus esou gutt wéi méiglech anzedämmen an dofir ass et och fir eis eng Selbstverständlechkeet, datt physesch Evenementer net esou kënne stattfannen, wéi mer et gewinnt waren. Dat ëmsou méi elo, wou nom Deconfinement ganz rezent nees d'Infektiounszuele klammen. Aus dësem Grond wäerte wärend eiser Pride Week sämtlech offiziell Evenementer reng digital oflafen.
 
Eng Krisenzäit, an där d'ëffentlecht Liewen op e Minimum reduzéiert war an et zum Deel och nach ëmmer ass, bréngt awer och nach aner Problemer mat sech: d'Diskriminéierung an d'Verbreedung vun Haass mécht keng Paus virun engem Virus. Aus dësem Grond huet Rosa Lëtzebuerg ASBL als Organisator vun der LUXEMBOURG PRIDE dorunner festgehalen, fir dëst Joer d'Pride Week net komplett ausfalen ze loossen, mee se ënnert dem Credo vum Fireneen Dosinn ze stellen.
 
E Bléck op den ILGA Europe Rainbow Index weist, datt d'Akzeptanz vun der LGBTIQ+ Community stagnéiert (an iwwer 49% vun de Länner gouf et wärend dem leschte Joer keng positiv Verännerungen op legislativem Plang) an zum Deel suguer zeréckgeet. Den EU-Memberstaat Ungarn huet d'Covid-Kris genotzt, fir d'Unerkennung vun Trans-Persounen ze verhënneren an a Polen muss d'LGBTIQ+ Community fir en degueulasse Wahlkampf vum Duda fir d'Präsidentschaftswalen hierhalen. Et gëtt eis bewosst, datt haart erkämpfte Rechter ëmmer nees verdeedegt musse ginn. 
 
D'Motto "Du bass net eleng!" steet fir eis dofir beispillhaft fir d'Memberen vun der queerer Community ze ënnerstëtzen an hinne gläichzäiteg ze soen, datt se am Kampf fir Akzeptanz net eleng sinn. D'Visibilitéit ass dofir en immens wichtegt Instrument. Rosa Lëtzebuerg ASBL huet dofir den Opruff lancéiert, fir ëffentlech Faarf ze bekennen.
 
Mir sinn dofir immens houfreg, datt sech d'Chambre des Deputées fir eng zweete Kéier sech dësem Opruff ugeschloss huet. Zënter gëschter Owend liicht dat lëtzebuergesch Parlament fir d'Luxembourg Pride a Reeboufaarwen. D'Gemeng Suessem huet sech deem ugeschloss an d'Klierfer Gemeng wëll hiert Schlass nach kuerzfristeg bis spéitstens de Samsden, 11. Juli an d'Faarwen vum Reebou tauchen. Och den Ausseministère huet ab haut de Reeboufändel virum ale Palais de Justice hänken.

Alleguer d'Informatiounen iwwert de Programm vun der Pride Week fannt dir an eisem Pressekit an am Pride Guide.

Pressematerial:

EISE PROGRAMM:
DËST SINN D'HIGHLIGHTS

Munchen*t denkt beim Begrëff "Pride" un e faarwegt Stroossefest. Dëst ass awer nëmmen eng Säit vun der Mënz. Natierlech zelebréiert d'Community och déi faarweg Vilfalt vum Zesummeliewen, mee all Pride huet an hirem Grondverständnis och eng ganz eescht Säit. All Joers stierwen nach ëmmer vill Leit duerch Homo-, Bi-, Trans- an Intersexphobie. Sief et duerch puerem Haass am Alldag, sief et duerch staatlech Gewalt géint d'Aneschtsinn.
 
Zënter 2015 starte mir all Woch dofir mat enger Gedenkzeremonie, fir all deenen Affer ze gedenken. Natierlech ass et dëst Joer net einfach, esou eng Commemoratioun würdeg ze plangen. Mir hunn eis dofir dëst Joer fir eng kuerz Gedenkzeremonie entscheet, déi mir um Méinden, den 6. Juli  um 19 Auer op eiser Facebook-Page streame wëllen.
 
Eigentlech war et als en eemolegt Evenement am Kader vum Centenaire vun der Escher Bibliothéik geduecht. De Succès beim Public huet d'Responsabel vun der Bibliothéik an eis awer dozou encouragéiert, doraus elo eng nei Traditioun ze maachen: den Diva Storytelling!
 
D'Séraphine Mirage, eng lëtzebuergesch Travestie-Kënschtlerin, liest am dësjähregen Diva Storytelling zwou Geschichten vun de Gebridder Grimm vir, dës hunn awer e queeren Touch kritt!
 
Datt d'Covid-19-Pandemie e groussen Afloss op eiser aller Alldag huet, ass jo eng dacks beméite Floskel. Ma wat dat genee fir d'LGBTIQ+ Gruppe bedeit a wéi sech d'Organisatiounen op verschidde Plazen däer Situatioun hu missen upassen, dat wollte mer mat aner Pride-Organisatoren diskutéieren.  Als Gäscht dobäi sinn ë.a. den Matthieu Gatipon-Bachette fir d'Metz Pride, den Bart Abeel vun der Antwerp Pride an dem Uwe Hörner, Board Member vun der EPOA, déi als Haaptorganisateur vun der Global Pride den 27. Juni e 24h Livestream op d'Bee gestallt hunn mat Bäiträg vu ville Prides ronderem d'Welt.
 
4. Webinar mat der EU-Kommissärin Helena Dalli
Mir si frou, datt d'Représentation de la Commission Européenne au Luxembourg sech an dësem Joer fir eng zweete Kéier der Pride Week uschléisst an mat der Organisatioun vun engem Webinar aktiv zum Programm vun der Luxembourg Pride Week bäidréint. Esou wäert ënnert anerem d'EU-Gläichstellungskommissärin Helena Dalli an d'Familljeministesch Corinne Cahen iwwert Aktiounen géint LGBTIQ+ Diskriminéierung op EU-Level diskutéieren.
 
Normalerweis stellt d'Stroossefest zënter ronn 20 Joer den Highlight vun der Luxembourg Pride (fréier GayMat) duer. Well eise Programm awer scho quasi fäerdeg war wéi mer d'physesch Evenementer hu missen annuléieren, wollte mer et eise Visiteuren dës flott Programmatioun net virenthalen.
 
Mir presentéieren iech dofir um Samschden, den 11. Juli ab 14.00 Auer e groussen Deel dovunner mat villen neien Elementer an flotten Bäitreeg aus der lokaler Community als Livestream. Mat der tatkräfteger Ënnerstëtzung vun der Stad Esch an eise Partner AXA an ING, konnte mer d'Erausfuerderung meeschteren, fir iwwer 8 Stonnen Livestream op Facebook an YouTube ze bréngen. Mir sinn och ganz besonnesch houfreg, datt mat OutTV och eng europäesch Fernsehsendergrupp eis Pride an 11 Länner brénge wëll.
 
Och eis Equality March, mat där mir all Joer d'Memberen vun der Community souwéi all eis Supporter vun ausserhalb invitéieren fir hei matzemarschéieren, wäert digital ausfalen. Mir hunn an de leschte Wochen en Opruff lancéiert, fir Selfien eranzeschécken an d'Resultat dovunner wäert der am Livestream gesinn.
 
Als Highlight vun der dësjähreger Luxembourg Pride zielen donieft dann nach e Speech vum Buergermeeschter Georges Mischo an dem Premierminister Xavier Bettel, vill flott Interviewen mat Leit aus der Community oder vun Institutiounen souwéi Optrëtter vu lokalen an internationale Kënschtler. Als Headliner wäert d'Bambi Mercury, villen bekannt aus der Pro7-TV Show "Queen of Drags", mat engem DJ Set ze gesi sinn.
 
Bingo hat dacks de Ruff als Altersheemspill. Datt dat net esou ass, weist en Trend, dee lues a lues och de Wee bei eis fënnt. Eisen Host, d'Séraphine Mirage, wäert zesummen mat engem Gaaschtmoderator dofir suergen, datt um Sonnden, den 12. Juli, keng Langweil opkënnt. Freet iech op eng Mëschung aus Drag Show, witzegen Moderatiounen an enger Hellewull u flotte Präiser vu lokalen Geschäfter.

 

Pressematerial:

Facebook
Twitter
Instagram
Website
Email






This email was sent to <<Email Address>>
why did I get this?    unsubscribe from this list    update subscription preferences
Rosa Lëtzebuerg · BP 1037 · Luxembourg 1010 · Luxembourg

Email Marketing Powered by Mailchimp